En Zoo am Oste vu Pakistan versteet déi nächst Woch eng Dose Léiwen u Privatsammler.

"Mir wëllen hei net just Plaz maachen, ma mir wëllen och eis Depensë fir Fleesch fir un d'Déieren ze verfiddere reduzéieren", sou de stellvertriedenden Direkter Tanvir Ahmed Janjua vum Lahore Safari Zoo.

Den Zoo hätt antëscht esou vill Grousskazen, dass Léiwen an Tiger sech beim Auslaf am Fräie mussen ofwiesselen. 12 Léiwen am Alter tëscht 2 a 5 Joer wëll den Zoo dowéinst den nächsten Donneschdeg un deejéinege verkafen, deen am meeschte bitt. Fir all Déier huet den Zoo e Mindestpräis vun 150.000 Rubel - ëmgerechent eng 660 Euro - gesat, hofft awer, dass d'Léiwen all kéiers bis zu 2 Millioune Rubel abréngen.

Léiwen, Tiger an aner exotesch Wëlldéieren als Hausdéieren ze halen, ass a Pakistan net ongewéinlech. D'Déiere sinn e Statussymbol. Hir räich Proprietäre verëffentleche mat Virléift Fotoen a Videoe mat hiren "Kazen" op Online-Netzwierker a verloune se souguer als Requisite fir Filmer oder Shootingen.

D'Déiereschützer kritiséieren déi geplangte Stee. Wéi d'Ëmweltorganisatioun WWF erkläert, sollten d'Déiere besser an aner Zooen ënnerbruecht ginn. "Den Austausch an d'Verschenke vun Déieren un aner Zooen ass weltwäit eng acceptéiert Praxis", sou d'Uzma Khan vum WWF, "soubal eng Institutioun wéi en Zoo engem wëllen Déier e Präisschëld gëtt, fërdere si den Handel an dat ass kontraproduktiv fir den Naturschutz".

Et kann awer nach laang net jidderee bei der Stee matmaachen. Vum Lahore Safari Zoo heescht et, potentiell Keefer musse bei ëffentlechen Agence registréiert sinn an noweise kënnen, dass si d'Moyenen hunn, d'Léiwe wéi et sech gehéiert ze versuergen, ze fleegen an ze halen. De Veterinär vum Zoo Muhammad Rizwan Khan sot nach, eng fréier Stee wier schifgaangen, well potentiell Keefer dës Pabeieren net all haten.