Stonnelaang läit d'Freya an der Sonn, heiansdo spillt dat 600 Kilo schwéiert Déier "Schëffer versenken" a begeeschtert domat dausenden Déierefrënn.

Iwwer bal keen Déier gëtt an der Lescht esou vill diskutéiert a geschmunzelt wéi iwwert de Walross Freya. Seng Fan-Communautéit wiisst a wiisst. Ville Leit ginn d'Videoen aus de sozialen Netzwierker net duer, ma wëllen d'Déier och a Wierklechkeet gesinn. Den Undrang am Hafe vu Frognerkilen ass grouss.

Déi 600 Kilo schwéier Walross-Damm, déi no der nordescher Gëttin vun der Léift an der Schéinheet benannt gouf, gouf als éischt a Groussbritannien, Holland, Dänemark a Schweden gesinn. Elo genéisst d'Freya de Summer an Norwegen. Um Dagesprogramm steet virun allem Sonn tanken. Dowéinst klotert et reegelméisseg op Booter. Well dës awer net geduecht sinn, engem Déier vun e puer honnerte Kilo als Zort "Loftmatratz" hierzehalen, kënnt et net grad seele vir, dass d'Booter ënnerginn. Als éischt huet d'Freya zu Kragerö säin Onwiese gedriwwen, zanter Mëtt Juli mécht et am Oslofjord de Yachthafe Frognerkilen onsécher.

Déi eng fannen et amüsant, déi aner fannen däitlech Wierder a fuerderen, dass eppes géint d'Déier misst ënnerholl ginn. Iwwerleeungen, de Walross anzeschléiferen, huet d'Fëschereidirektioun antëscht verworf. "De materielle Schued ass natierlech bedauerlech, awer sou ass dat bei wëllen Déieren", erkläert de Beamte Rolf Harald Jensen géintiwwer dem Sender TV2. D'Freya gouf zwar vun den norwegesche Fëschereiautoritéiten als Gefor fir d'Ëffentlechkeet agestuuft, ma et gouf elo decidéiert, d'Déier einfach gewäerden ze loossen. "Et geet him gutt. Et frësst, rout sech aus a schéngt a gudder Verfassung ze sinn", heescht et vun den Autoritéiten. Allerdéngs ass et den Appell un d'Mënschen op der Plaz, Ofstand ze halen. Et gëtt och dréngend dovun ofgeroden, an der Géigend vum Freya ze schwammen oder Kajak ze fueren. D'Walross-Damm wier "net onbedéngt sou lues an ongeschéckt, wéi ee menge kéint". Weider warnen d'Autoritéiten: "E Walross ass normalerweis keng Gefor fir d'Mënschen, soulaang een de Sécherheetsofstand anhält (...) Awer wann e vu Mënsche gestéiert gëtt an net déi Rou kritt, déi e brauch, kann e sech menacéiert fillen an ugräifen".

Wéinst dem groussen Interessi um Déier bitt d'Zeitung "Verdens Gang" op hirer Homepage esouguer e Livestream un. Do kann een d'Freya dobäi beobachten, wéi et bis zu 20 Stonnen den Dag gemitterlech op Booter schléift. Et gouf awer och schonn dobäi gefilmt, wéi et op d'Juegd no enger Int oder engem Schwan gaangen ass.