Nodeems e Méindeg scho 14 Pottwalen ugeschwemmt goufen, hu Fuerscher e Mëttwochmoien 230 Grindwalen op der Plage an der Géigend vu Macquarie Harbour fonnt.

Dem Ëmweltministère am Bundesstaat Tasmanien no wier gutt d'Hallschent vun de Walen, nodeems se ugespullt goufen, nach um Liewe gewiescht. Weider heescht et, datt ee sech dorop fokusséiere hätt, d'Déieren esou séier wéi méiglech nees zréck an d'Mier ze kréien, mä, datt een nëmme 35 hätt kéinte retten. Doriwwer eraus wier och all Hëllef fir déi 14 Pottwalen ze spéit komm.

Firwat d'Walfësch ugeschwemmt goufen, ass iwwerdeems nach net gewosst. De Mieresbiolog Kris Carlyon geet allerdéngs dovunner aus, datt d'Déiere warscheinlech op der Sich no Nahrung gewiescht sinn an du vun de "Gezeiten" iwwerrascht goufen an dofir op der Plage leie bliwwe sinn.

Am Joer 2020 goufen am Ganze 470 Walfësch un déi tasmanesch Küst ugespullt. 300 vun dëse Walfësch si gestuerwen. D'Ursaach, firwat deemools esou vill Walen op der Plage leie bliwwe sinn, ass iwwerdeems bis haut nach ëmmer net gewosst.

RTL

© Department of Natural Resources and Environment Tasmania/AFP