Eleng mam Bus an den HondsparkSeattle trauert ëm berüümte Labrador Eclipse

RTL Lëtzebuerg
D'Leit hu sech ëmmer gefreet, wann d'Eclipse an de Bus geklommen ass, fir an de Park ze fueren. Ma lo ass de clevere Mupp am Alter vun 10 Joer gestuerwen.

Zanter 2015 ass déi berüümt Ikon e puer Mol d’Woch ouni säi Meeschter mam Bus an den Hondspark gefuer. Ugefaangen huet alles, wéi d’Eclipse a säi Meeschter Jeff Young um Busarrêt gewaart hunn. Wärend de Jeff eng Zigarett gefëmmt huet, huet de Mupp wuel seng Gedold verluer an ass eleng an de Bus gesprongen. Säi Meeschter huet dat allerdéngs eréischt gemierkt, wéi de Bus fortgefuer war. Ma laang huet de Jeff net misse sichen: E bësse méi spéit huet hien den Hond do fonnt, wou hien eigentlech mat em hi wollt - am Hondspark.

Vue datt et nëmmen e puer Arrête vun hirem Doheem bis bei der Park sinn, ass d’Eclipse vun deem Dag u reegelméisseg eleng mam Bus an den Hondspark gefuer. Ëmmer, wann hatt bal beim Arrêt ukomm war, huet hat ganz opgereegt un d’Dier geklappt. Op senge kuerze Reesen huet de Mupp vill Bekanntschaften a Frëndschafte mat anere Passagéier gemaach.

Nodeems e lokale Radiosender den Hond entdeckt hat, goufen och d’Tëleeschaînen an déi landeswäit Medien op d’Eclipse opmierksam. A spéitstens nodeems de Mupp am Internet war, gouf hatt zu enger Berüümtheet. Dovun huet och de Verkéierssystem vu Seattle, King County Metro, profitéiert an huet e Musekvideo mam Lidd “Bus Doggy Dog” erausbruecht. Ze gesinn ass, wéi d’Eclipse mat sengem Ticket a senger Léngt mam Bus duerch d’Stad fiert, a Restauranten ësst, fir Selfië poséiert a Leckerlie keeft. Um Schluss gëtt de Saz ageblent: “Sief ënnerwee wéi d’Eclipse. Plang däin nächsten Trip.”

Op engem Facebook-Profil fir de Mupp huet säi Meeschter d’Fans vum Eclipse iwwert d’Liewe vum Hond um Lafende gehalen. Ma d’lescht Woch hat de Jeff Young schlecht Noriichte fir dem Eclipse seng ronn 122.000 Follower. Beim clevere Mupp gouf Kriibs diagnostizéiert. Freides huet säi Meeschter dunn erkläert, datt d’Eclipse ageschlof an net méi wakereg ginn ass. Géigeniwwer vun der Washington Post sot de Young: “Elo ass hatt fort, an ech vermëssen hatt, et ass wierklech schlëmm.”

RTL News: Clevere Mupp: Hond fiert eleng mam Bus an den “Dog Park”

Back to Top
CIM LOGO