Um Ufer vum Kaspesche Mier a Kasachstan sinn 131 Kaspesch Robben dout u Land gespullt ginn.

Dat huet e Spriecher vum Ëmweltministère confirméiert, ouni allerdéngs eppes zu der Doudesursaach vun den Déieren ze soen. Autopsië wieren um Wee.

Ëmweltexperten hu gesot, et géife Buedem- a Waasserprouwe ronderëm de grousse Salzséi gemaach ginn. Déi Kaspesch Robb ass déi eenzeg Robben-Aart, déi am Kaspesche Mier lieft.

Hir Populatioun ass Experten no vu méi wéi enger Millioun Déieren op ee Bestand vun nëmme méi ronn 68.000 Déiere reduzéiert. Eréischt am November 2020 gouf si vun der kasachescher Regierung op eng Lescht vu gefährten Déiere gesat.