De Kadaver vum 35 Joer ale sougenannten Oueregeier war de Weekend entdeckt ginn. Säin Doud hat keng natierlech Grënn.

Eng héich Belounung soll hëllefen, de Virfall am Zoo vun Dallas ze klären. Déi Responsabel vum Déierepark wëlle fir den decisiven Hiweis zu der Doudesursaach vum Geier Pin 10.000 Dollar - ëmgerechent 9.200 Euro - op den Dësch leeën.

Nodeems de Kadaver fonnt gouf, war op den éischte Bléck kloer, dass säin Doud "keng natierlech Grënn" gehat hätt.

"Hien ze verléieren, ass net just fir eis Zoo-Famill tragesch, ma och fir d'Schutzbeméiunge fir dës Aart", huet den Zoo op Twitter geschriwwen. "Jidderee wäert de Pin schrecklech vermëssen."

Den Zoo-Direkter Gregg Hudson no gëtt den Doudesfall genee ënnersicht: "Jiddereen ass den Ament verdächteg - intern an extern". Well de Gräifvull zu de menacéierten Aarte gehéiert, gouf och d'Police informéiert.