Vill Stroossenhënn aus Rumänien kommen op Lëtzebuerg, fir hei eng nei Famill ze fannen. Mir hunn 2 Lëtzebuerger Associatioune bei hirer Aarbecht begleet.

E Bléck, e Jiipsen, e Schäre mat der Patt: Et brauch heiansdo net vill, bis een engem léiwen Hondsbléck verfall ass. Heiansdo geet och just eng Foto duer. Där begéint ee jo heiansdo op de sozialen Netzwierker, léif Fotoe mat traurege Muppenaen, déi een neit Doheem sichen. Virun allem aus Rumänien komme vill Hënn esou op Lëtzebuerg. Eleng d'lescht Joer si ronn 350 Hënn esou heihinner komm. Mir hunn zwou Lëtzebuerger Associatioune begleet, déi sech ëm Stroossenhënn a Rumänien këmmeren: Street Souls an Das schwarze Schaf.

Hannert Street Souls stiechen d'Isabelle Michels an d'Nathalie Oberlinkels. Si fueren e puer Mol d'Joer a Rumänien. Zu Dej si si an engem ëffentlechen Asyl aktiv. Do schaffe si ganz enk mat Anima Pro Terra zesummen. Dat ass eng rumänesch Associatioun, déi viru 17 Joer ugefaangen huet, sech ëm d'Hënn aus Dej ze këmmeren. Si sinn dat ganzt Joer iwwer op der Plaz an halen hir Lëtzebuerger Frënn um Lafenden. Wann d'Nathalie an d'Isabelle vu Street Souls dohanne sinn, da léiere si virun allem d'Hënn kennen, huele si raus a probéiere si anzeschätzen. Dat ass wichteg, fir déi richteg Famill ze fannen. Eng Organisatioun, déi esou Adoptioune mécht, muss d'Hënn gutt kennen.

D'Laura Scheuer vun "Das schwarze Schaf" schafft 500 Kilometer méi wäit fort an der Géigend vu Bukarest. Hatt ass an engem privaten Asyl. Si kréie keng Hëllefe vum Staat a si komplett op Spenden ugewisen. Si këmmere sech hei ëm 150 Hënn a 40 Kazen. An Zukunft soll et och méiglech si fir Benevollen unzehuelen, déi och mol méi laang wëllen hëllefen.