KolumbienNilpäerd vu Pablo Escobar stierft bei Verkéiersaccident

RTL Lëtzebuerg
Wärend senger aktiver Zäit huet den Droge-Kinnek Pablo Escobar Nilpäerd a Kolumbien bruecht. Dës hunn zënterhier dacks fir Ierger am Land gesuergt.
© Puerto Triunfo’s Fire Brigade/AFP

Wéi et heescht, gouf elo een Déier, méi genee en Nokomme vun den Nilpäerd, déi deemools importéiert goufen, op der Autobunn tëscht Medellin an der Haaptstad Bogotá vun engem Auto erfaasst. Dat mellt d’Tëleeschaîne Caracol e Mëttwoch.

Zwou Persounen am Auto goufe liicht blesséiert. Dëst wier eng Gefor, déi esou Déiere géife mat sech bréngen, sou den David Echeverry vun der staatlecher Ëmweltorganisatioun Conare.

Un hippopotame mortellement percuté sur une autoroute
Un hippopotame a été mortellement percuté par un camion sur une autoroute de Colombie. Les hippopotames y sont un héritage insolite de Pablo Escobar.

D’Déier, dat iwwert eng Tonn weit, gouf dout an der Géigend vum Haus vum Escobar, der Hacienda Nápoles op der Autobunn zu Puerto Triunfo fonnt, esou eng Porte-Parole vun de regionale Pompjeeën der AFP géigeniwwer.

Back to Top
CIM LOGO