
Et handelt sech ëm ee klenge Stéier, e sougenannten Zwerg Zebu. Kleng an dësem Fall tatsächlech duerch seng Gréisst, de Simba huet nämlech schonn zwee Joer.
Fortgelaf ass den Zebu-Stéier den 3. Januar* vun enger Wiss tëscht Hareler Poteau a Sir. Seng Faarf ass raschteg-brong, mat engem opfällege Fettpolster um Bockel. De Simba ass ganz heemeleg. Et kann deemno sinn, dass hien op e Mënsch duerleeft, zemools, wann hie geruff gëtt.
Wichteg ze wëssen
De Simba ass net einfach iergendeen Zwerg-Zebu-Stéier. Hien ass eng Nozuucht aus dem Beetebuerger Park a sollt geschluecht ginn. Mat Hëllef vu Spende konnt dëst awer verhënnert ginn. Hie gouf deemno fräikaaft a genéisst zanterhier seng Fräiheet op senger 16-Hektar-Wiss.
Wien de Simba gesinn huet, soll sech bei senger Proprietärin um 621 143 203 oder op haran.harjo@gmail.com mellen.
*An enger éischter Versioun gouf vun “Dezember” geschwat. D’Besëtzerin hat sech an hirem Schreiwes geiert an huet eis dëst méi spéit matgedeelt.