Fortgelaf oder matgeholl?Lëtzebuerg sicht nom Simba

Tim Morizet
"E gehéiert einfach zur Famill dozou." Zanter iwwer 2 Woche gëtt am Éislek bei Sir de Simba vermësst.
Lëtzebuerg sicht nom Simba
Den Zwergzebu-Stéier gouf vu sengem Besëtzer virum Schluechthaus gerett a sollt déi nächst Joren op engem pedagogeschen Haff an den Asaz kommen.

Den Zwergzebu-Stéier gouf vu sengem Besëtzer virum Schluechthaus gerett a sollt déi nächst Joren op engem pedagogeschen Haff an den Asaz kommen.

Ma de Simba gëtt zanter dem 3. Januar vermësst. Op Social Media gouf d’Vermësste-Meldung honnerte Kéiere gedeelt. Kolleege, Famill, ma och Onbekannter an Institutiounen aus der Groussregioun hu sech mëttlerweil ageschalt a siche mat. Den Dave Delvaux, Besëtzer vum klengen Haff weist sech dankbar. Zanter gutt 2 Woche gëtt nom Stéier gesicht, wéi den Dave Delvaux erkläert: “Dat an éischter Linn um Feld hei. Den Terrain, op deem d’Déieren hei kënne ronderëm lafen, huet 16 Hektar. Et war vill ofzesichen. Nodeems mer hei näischt fonnt hunn, hu mer d’Alentouren ofgesicht, och mat enger Dron.”

Awer ouni Succès. Keng Spueren, keng Exkrementer, kee Pelz am Drot. Sou datt ee mëttlerweil dovun ausgeet, datt de Stéier geklaut gouf. D’lescht Joer gouf de Simba aus engem Park fräikaaft, fir datt en net am Schluechthaus lant. E soll – an Zukunft – Deel vun engem pedagogeschen Haff ginn, erkläert seng Besëtzerin, d’Angie Delvaux-Hardy: “Mir hate scho vereenzelt Gruppen hei. Dat huet mer immens vill freet gemaach. Ech hunn och gemierkt, datt meng Déiere richteg drop Loscht hunn an dat och gutt maachen. Et ass jo och eng schéi Saach, esou eppes dem Mënsch nees zeréckzeginn.”

“Et gesäit een, datt et sech e bësse goe léisst an och net méi esou aktiv bei der Häerd ass”

Besonnesch dem Angie ass de Simba un d’Häerz gewuess. Och well en, ewéi een et vläicht vun engem Hond kennt, immens heemeleg ass a gäre schmuust. Ma och d’Partnerin vum Zwergzebu-Stéier leit ënnert senger Absence. “D‘Suri huet schonn nach seng ‘Frëndinnen’ hei. Mä et gesäit een, datt et vill eleng ass”, bedauert d’Angie. “Et brauch een ëmmer een a senger Gréisst. Et gesäit een, datt et sech e bësse goe léisst an och net méi esou aktiv bei der Häerd ass. Dat war virdrun anescht, ewéi de Simba dobäi war.”

D’Koppel huet mëttlerweil e GoFundMe opgemaach, fir d’Associatiounen, déi bei der Hëllef sichen, ze ënnerstëtzen an, sollt de Simba net heemkommen, fir dem Suri en neie Partner fräizekafen. Mä esou séier gëtt een am Éislek net op: “Mir ginn net op, bis datt mer de Simba fonnt hunn; dout oder lieweg. Dat si mer dem Déier schëlleg. En ass e Familljemember an do ass et normal, datt een dat mécht.”

Persounen, déi den Zwergzebu sollte gesinn hunn, solle sech w.e.g iwwert d’Mailadress “haran.harjo@gmail.com” bei de Besëtzer mellen.

Back to Top
CIM LOGO