"Elegante Weltebummler"D'Flossséischmuewel ass de Vull vum Joer 2024

RTL Lëtzebuerg
Natur&Ëmwelt huet wéi all Joer e Villchen designéiert, deen et besonnesch ervirzesträiche gëllt.
© Jean Theisen

Dëst Joer ass dat eng Schmuewel, déi de Summer an Europa verbréngt, de Wanter iwwer awer un d’afrikanesch Küst flitt.

D’Flossséischmuewel ass, anescht wéi hiren Numm verréit, e Mieresvull a wéi all aner Méiwen, mat deene si Famill ass, éischter un de Küsten ze fanne wéi am Banneland. Den Numm huet dës Séischmuewel duerch hiren typesch fir Schmuewele geformte Schwanz.

Ufank Abrëll kommen d’Flossséischmuewelen aus hirem Wanterquartéier nees zeréck a Mëtteleuropa, wou si fir ze bréien, flaach Mieresküste besidelen, ma och am Banneland laanscht Flëss ze fanne sinn.

Esou einfach huet dëse Vull et awer net. Naturbeloosse Fléissgewässer si seele ginn, och zu Lëtzebuerg. D’Flossséischmuewel ass deemno op d’Hëllef vum Mënsch ugewisen. Hei am Land goufe mam Bau vum Naturzentrum Biodiversum um Haff Réimech zu Rëmerschen extra Floosser installéiert, déi schwammen an an deenen dës Vulle bréie kënnen. Dat iwwregens mat Succès, wéi Natur&Ëmwelt schreift.

Ma nach eppes mécht der Flossséischmuewel d’Liewe schwéier: Pandemien. Vun deenen ass net just de Mënsch betraff, ma och vill Déierenaarten. 2023 sinn deemno vill Flossséischmuewelen a Laachméiwen der Vullegripp zum Affer gefall. Just nach naturno Liewensraim kann dëse Verloscht nees ausgläichen.

© Patric Lorgé

Back to Top
CIM LOGO