Leschte Sonndeg gouf e Baartaf-Weibchen aus dem Zoo zu Leipzig geklaut. En Jogger huet d'Déier en Donneschdeg erëmfonnt.

Beim Lafegoen ass d'Déier, wat an engem Bam bei engem Méifamilljenhaus souz, dem Mann opgefall. Hien huet doropshin d'Police alarméiert. Déi hunn d'Informatiounen un den Zoo weiderginn, déi dann hiert Personal op d'Plaz geschéckt hunn, fir den Af anzefänken.

Wéi d'Ekipp vum Leipziger Zoo awer beim Haus ukomm, ass d'Déier zeréck an d'Gebai gelaf, wou et dann awer konnt agefaange ginn. Vum Zoo heescht et, datt et dem Déier géif gutt goen. Et wier e bësse schwaach, hätt awer keng Blessuren.

D'Police geet dovunner aus, datt den Af geklaut gouf, ma den Onéierlechen d'Déier ausgesat huet, nodeem d'Affär an de Medien opgegraff gouf. Obwuel d'Déier erëm do ass, gëtt elo awer wéinst Déifstall an engem besonnesch schwéierem Fall ermëttelt. D'Police huet an deem Kader och en Zeienopruff lancéiert.