Éischt Exemplairen zu Lëtzebuerg fonntHutt Dir schonn eng Hyalomma-Zeck gesinn?

Sarah Cames
De Summer kéint esou schéi sinn, wann do net verschidde Plogeeschter wieren, déi engem den Dag an der Natur verdierwe kënnen.
Anescht wéi aner Zecken-Aarten, geet d'Hyalomma-Zeck aktiv op d'Juegd.
Anescht wéi aner Zecken-Aarten, geet d’Hyalomma-Zeck aktiv op d’Juegd.
© STEPHANE VITZTHUM BiosphotoBiosphoto via AFP

Nieft Mustiken a Spanne warscheinlech déi onbeléiftste Krabbeldéiere sinn Zecken. Si suckelen net just Blutt, ma kënnen a verschiddene Fäll och geféierlech Krankheete wéi Borrelios oder FSME iwwerdroen. Zanter 2018 ass eng nei Aart vun dëse Spannendéieren am Grand-Duché confirméiert: D’Hyalomma-Zeck.

Dat besonnescht un dëser zu Lëtzebuerg bis ewell net-heemescher Zeckenaart ass hir Gréisst: Si ass ronn dräimol esou grouss wéi d’Holzbock-Zeck, déi zu Lëtzebuerg am verbreetsten ass. Wa se voll gesuckelt ass, kënnt si souguer op déi 10-fach Gréisst vun enger duerchschnëttlecher Zeck. Och hir wäiss-rout-geréngelt Been ënnerscheede si däitlech.

Mir hu beim Dr. Alexander Weigand aus dem Naturmusée (MNHN) nogefrot, wéi verbreet d’Hyalomma-Zeck antëscht zu Lëtzebuerg ass an ob vun hir eng besonnesch Gefor ausgeet.

D'Hyalomma-Zeck erkennt een net just un der Gréisst, ma och un den opfälleg rout-wäiss-geréngelte Been.
D’Hyalomma-Zeck erkennt een net just un der Gréisst, ma och un den opfälleg rout-wäiss-geréngelte Been.
© MARIJAN MURAT DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Zënter der éischter Decouverte am Summer 2018 goufen nach dräi weider Hyalomma-Zecken am Grand-Duché fonnt. Vun deene bis ewell véier Exemplaire goufen der dräi op Päerd an eent um Mënsch fonnt. Duerch déi méi waarm Wanteren ass dem Expert no d’Potential vun enger weiderer Ausbreedung do, ma bis ewell schéngt et sech bei der Hyalomma-Zeck zu Lëtzebuerg éischter ëm Eenzelfäll ze handelen, déi vun asiateschen Zuchvigel ageschleeft goufen.

Fir ee méi kloren Iwwerbléck iwwert de Bestand ze kréien, geet am Juni eng gréisse Etüd a Päerdsställ, op Häff a souguer am Beetebuerger Park lass, wou d’Waasserbüffelen am A gehale ginn. Et ginn awer och speziell CO2-Falen agesat, well sech d’Hyalomma-Zeck - anescht wéi déi verbreet Holzbock-Zeck - net op d’Lauer leet, mä aktiv op d’Juegd geet. Dobäi ka si sech dem Dr. Weigand no mat hiren aacht Been erstaunlech séier fortbeweegen.
Sollten heibäi lieweg Zecke fonnt ginn, ginn dës am LIH op méiglech Krankheetserreeger ënnersicht. D’Hyalomma-Zeck ass als Träger vum Krim-Kongo-Féiwer bekannt, dat fir de Mënsch déidlech ka sinn.

Eng Aner Zeckenaart, déi zu Lëtzebuerg ewell schonn ukomm ass a sech mëttlerweil am Süden a bis an d’Stad eran etabléiert huet, ass d’Auwald-Zeck, déi duerch hire gemusterte Kierper opfält. Bei enger Prouf, an där een Duch 100 Meter duerch d’Gréngs gezu gouf, hunn den Dr. Weigand a säin Team direkt 40 Exemplaire fonnt. Dës Zecke si virun allem fir Hënn geféierlech, well si Träger vun Hondsmalaria kënne sinn.

Allgemeng ass et vum Expert den Appell un d’Populatioun, opfälleg Zecken ze mellen. “Bei der Hyalomma wär et super, wa se gefaange gëtt a bei eis am Musée un der Receptioun u mech adresséiert ofgi gëtt”, esou den Dr. Alexander Weigand vum MNHN. Wie sech awer net esou no eruntraut, kann och ee Bild op iNaturalist.lu eroplueden. Dëst gëtt dann direkt op d’Datebank vun de Fuerscher zu Lëtzebuerg opgeholl.

Eng Hyalomma-Zeck nieft enger normaler Holzbock-Zeck.
Eng Hyalomma-Zeck nieft enger normaler Holzbock-Zeck.
© Kurtesh Sherifi

Wéi kann ee sech am Summer schützen?

Och wann Zecken typescherweis virun allem am Summer opdauchen, si si tëscht Februar an November aktiv. Dowéinst sollt ee sech net just an der Héichsaison schützen. Bei Aktivitéiten dobausse soll een un zoue Schong, hell a laang Kleeder a villäicht souguer Zecke-Spray denken. Héicht Gras ass ze evitéieren, um Wee ass d’Chance méi kleng, sech eng Zeck anzefänken.

Wann ee bis doheem ass, sollt ee sech op Zecken iwwerpréiwen. Si setze sech virun allem gären op waarm Plazen um Kierper, wou d’Haut besonnesch dënn ass, zum Beispill hannert Ielebou oder Knéien, am Genéck, Réck, um Kapp, awer och hannert den Oueren oder ënnert den Achselen.

Huet een dann awer eng Zeck entdeckt, soll ee se esou séier wéi méiglech erofhuelen. Wat d’Zeck méi laang dra bleift, wat de Risiko vun enger Infektioun klëmmt. Lassmaache kann ee se mat enger spezieller Pincette, déi een um Kapp vum Spannendéier usetzt an dann dréint, bis de Parasit lassléisst. De Bëss muss duerno desinfizéiert ginn.

Eng laang Box a fest Schung sinn am Bësch déi besser Iddi, wann ee sech keng Zecken afänke wëll.
Eng laang Box a fest Schung sinn am Bësch déi besser Iddi, wann ee sech keng Zecken afänke wëll.
© GARO/PHANIE / Phanie via AFP / Phanie / GARO

Wéi eng Krankheetserreeger kënnen Zecken zu Lëtzebuerg iwwerdroen?

Duerch méi waarm Wanteren a méi fiicht Fréijore klëmmt d’Zuel vun den Zecken an eise Regiounen. Wärend an Osteuropa, Éisträich an am Süde vun Däitschland de Risk vun enger Infektioun mat der Fréisummer-Meningoenzephalitis (FSME) besteet, sinn zu Lëtzebuerg bis ewell just Infektioune mat Borrelios festgestallt ginn, esou de Gesondheetsministère am Juni d’lescht Joer.

Ofhängeg vum Joer an der Regioun schwankt den Undeel vun Zecken, déi den Ausléiser vun der Krankheet Lyme-Borrelios a sech droen, tëscht 0 an 30 Prozent. An enger Etüd aus dem Joer 2007 gouf zu Lëtzebuerg en duerchschnëttlechen Taux vun 11,3 Prozent an den hei am Land geleefegen Holzbock-Zecke festgestallt.

Wann eng Zeck sech bis festgesat huet, kënne beim Bluttsuckelen Exkrementer vum Parasit an de System vum Mënsch kommen. Esou fannen d’Bakterien hire Wee an de mënschleche Kierper. Bis dat geschitt, kënnen dacks awer emol 24 bis 48 Stonne vergoen.

Eng Borrelios-Infektioun erkennt een duerch déi rout Plaz, déi typescherweis no op d’mannst enger Woch ronderëm den Zeckebëss opdaucht. Och gripp-änlech Symptomer si méiglech. Gëtt d’Krankheet deen Ament net mat Antibioticken traitéiert, kënne laangfristeg Komplikatioune wéi Arthritt, eng Gesiichtslämung, eng Häerzmuskelentzündung oder souguer eng Hirnhautentzündung opdauchen.

Wann déi heite Symptomer optrieden, consultéiert Ären Dokter:

  • E roude Fleck ronderëm de Bëss
  • Kappwéi
  • Féiwer
  • Péng an de Gelenker

Weider Informatioune fannt Dir hei um Site vun der Santé.

Back to Top
CIM LOGO