Dronen am Asaz fir den DéiereschutzEvitéieren, datt kleng Réi an aner Déieren ënner de Méidrescher geroden

Monique Kater
Duerch den Asaz vun Drone kann evitéiert ginn, dass Réi-Kitz an aner neigebueren Déieren net Affer gi vum Dreschen a Méien. Ginn d'Efforte wäit genuch?
Dronen am Asaz fir den Déiereschutz
Duerch den Asaz vun Drone kann evitéiert ginn, dass Réi-Kitz an aner neigebueren Déieren net Affer gi vum Dreschen a Méien. Ginn d’Efforte wäit genuch?

Réi, Huesen, Bodenbrüter, kleng wëll Déieren, déi am Fréijoer bis an de Summer eran op d’Welt kommen, sech am héije Gras oder an de Kärefelder verstoppen, ginn dacks grad dowéinst Affer vu Méimaschinnen oder Méidrescher.

Wann Dir dës Foto onzenséiert wëllt kucken, da klickt op d'Bild. Opgepasst, d'Foto ka schockéieren.
Wann Dir dës Foto onzenséiert wëllt kucken, da klickt op d’Bild. Opgepasst, d’Foto ka schockéieren.

Fir dës onnéideg Déierequälerei ze verhënneren, fléie Jeeër, mee virun allem och d’ASBL Sauvons Bambi, zënter 3 Joer net méi just iwwer belsch Felder a Wisen, mee hir Drone sinn ewell och zu Lëtzebuerg am Asaz. D’Monique Kater mat enger Mesure, déi, wa se korrekt ëmgesat gëtt, honnerten Déiere kéint d’Liewe retten.

Éischte Schnatt an den éischte Worf fale leider zesummen. Enn Abrëll geet et lass an et wéisst een ni, wou déi Kleng leien, soen d’Jeeër a wëssen och d’Baueren. Béid schaffen zesummen, wat de Schutz vun den Déieren ugeet – dat si Kitz, mee och Villercher, déi um Buedem bréien, Huesen an esou weider. Déi sinn därmoosse gutt verstoppt, ob Wiss a Feld, dass ee se vum Trakter oder Méidrescher iwwerhaapt net gesäit. Dofir kommen Dronen a Wäermebildkameraen an den Asaz. Net well si missten, mee well et schonn emol null an hirem Intressi wier, Déierekadaveren am Friessen ze hunn.

Haut wier ee vill méi sensibel op dës Thematik a wéi gesot – d’Moyene sinn anerer. Si, d’Baueren, ziele virun allem op de Jeeër, deen d’Lous do huet, wou hie méit oder drescht. Soubal hie wéisst, wéini a wou, kréich dee Bescheed gesot. Un hinne selwer léich et dann, d’Méizäiten och anzehalen. An Zukunft kéinten och nei Technologien hëllefen, mee bis dohinner wier d’Matenee schwätzen den A an O. A genee do léich dacks de Problem, soen d’Jeeër.

Nieft hinne fléien och d’Benevolle vun der ASBL Sauvons Bambi mat Dronen. Esou dacks wéi et geet an zu esouvill wéi se Leit zesummekréien. Si si souzesoen d’Profien an dësem Domaine a retten drop an dowidder. Zu enger 14 si si, ronn 200 Kitz hu si gerett, hei an an der Belsch.

Mee ier esou eng Dron iwwerhaapt an den Asaz kënnt, musse Bauer, Jeeër a Sauvons Bambi matenee schwätzen a Wuert halen – grad well et bei der aktueller Meteo schwéier ass, eng annoncéiert Zäit fir den Asaz vu Méimaschinn an Drescher anzehalen. Sanktionéiert gëtt bis ewell keen – well säi Feld oder seng Wiss no Bambi, Hues oder Villchen ofsichen, iert een ufänkt mat schaffen, ass keng Flicht, et net maachen, géif him just Nodeeler bréngen an dat weess de Bauer. Vläicht misst d’Politik alt nees en Zeeche setzen.

Back to Top
CIM LOGO