Besëtzer soll sech mellenAndalusesch Triichternetzspann an der Fleegestatioun zu Diddeleng ofginn

Sandy Schmit
Den 30. Juni gouf eng Macrothele calpeiana, also eng andalusesch Triichternetzspann an der Fleegestatioun fir wëll Déieren ofginn.

Op Facebook huet d’Fleegestatioun lo en Opruff lancéiert, dass de Besëtzer vun dëser Spann sech soll bei hinne mellen.

D’andalusesch Triichternetzspann, och spuenesch oder europäesch Triichternetzspann genannt, kënnt aus der Famill vun de Wiefspannen. Se zielt zu de gréisste Spannen an Europa an ass u sech a Spuenien oder nach a Portugal heemesch. Hir Virléift a punkto Wunnraum sinn Eechebëscher, ma eruewert ëmmer méi och de Liewensraum vum Mënsch.

Wichteg: d’andalusesch Triichternetzspann steet europawäit ënner Naturschutz.

Gëtt ee vun dëser Spann gebass, riskéiert ee Problemer mam Kreeslaf ze kréien. Dës Aart gëllt awer als däitlech méi harmlos wéi d’Sydney-Triichternetzspann an Australien.

Back to Top
CIM LOGO