D'Rettungshondsstaffel vum Roude Kräiz besteet aus 19 Fräiwëllegen a 15 Muppen. D'zejoert koume si op 29 Asätz. Dat war aussergewéinlech vill.

Am Joer 1996 gouf dëse Grupp vum Roude Kräiz vum Jerry Ast an d'Liewe geruff. Zanter iwwer 25 Joer geet d'Rettungshondsstaffel op den Terrain. 
 
Am beschten ass et, wann en Hond sou jonk ewéi méiglech mat senger Ausbildung ufänkt. Déi dauert op d'mannst 2 Joer bis eng éischte Prüfung muss gemaach ginn. Dobäi dauert esou eng Formatioun e Liewe laang.

Zwee Mol d'Woch ass Training. Dësen dauert eng ronn 2 Stonnen. Gebraucht ginn nach Benevoller mat Hënn, déi bei der Rettungshondsstaffel vun der Croix Rouge wëllen hëllefen. Wie méi Informatiounen dozou brauch, fënnt dës um Site vum Roude Kräiz.