Bei Hëtzt och un d'Déieren denken

D'Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) gëtt Recommandatiounen, fir dass och d'Déiere gutt duerch de Summer kommen.
Wann et am Summer waarm gëtt, soll ee méi drénken a besonnesch d'Sonn iwwert d'Mëttesstonn meiden, well se dann am stäerksten ass. Ma dat selwecht gëllt och fir d'Déieren. Op déi soll de Mënsch nämlech och oppassen, wann d'Temperature rëm klammen.
D'ALVA huet dofir e puer Recommandatiounen erausginn. Sou sollen d'Hausdéieren, mee och Déieren, déi dobausse liewen, ëmmer genuch a frëscht Waasser hunn. Et soll een op kee Fall säin Déier am Auto loossen, och wann et just fir eng kuerz Zäit ass. Den Auto ka sech an der Sonn nämlech schonn an e puer Minutten immens ophëtzen. Dës weidere soll een daagsiwwer och evitéieren, ze laang mam Hond an der Hëtzt spadséieren ze goen.
Oppasse misst een awer och d'Päerd, Kéi an aner Déieren, déi op de Wise sinn. Bei héijen Temperature sollen d'Déieren d'Méiglechkeet hunn, sech an de Schiet zeréck zéien ze kënnen.
Bei weidere Froe kann ee sech zu all Moment bei help@deier.lu mellen. Déi selwecht E-Mail-Adress kann een notzen, wann een op Déieren an Nout opmierksam maache wëll.