Namibia léisst 700 wëll Déieren dout maachen

© AFP Symbolbild
Wéinst der schlëmmster Dréchent zanter Joerzéngten huet Namibia decidéiert, eng 700 wëll Déiere wéi Flosspäerd an Elefanten dout ze maachen.
Et wiere schonn 160 Déieren doutgemaach ginn, sou den Ëmweltministère en Dënschdeg. Mat Hëllef vun dëser Mesure solle Waasserreserven entlaascht a Fleesch fir dausende Mënsche garantéiert ginn, déi wéinst der Dréchent Honger leiden.
D'Juegd op Uerder vun der Regierung gëtt vu professionelle Jeeër ausgeféiert. Ënner anerem sollen am Ganzen 30 Flosspäerd, 60 Büffel an 83 Elefante geschoss ginn. Och 300 Zebrae stinn op der Ofschosslëscht.
Wéi laang den Asaz dauert, wier de Moment nach onkloer, sou e Porte-parole. Zil wier et, d'Traumaen esou kleng wéi méiglech ze halen. "Mir mussen d'Déieren, déi gejot solle ginn, vun deenen trennen, déi net gejot ginn."
Bei Déiereschützer war den Uerder vun der Regierung op hefteg Kritik gestouss. De Plang wier "net just grausam, ma och geféierlech kuerzfristeg", seet zum Beispill d'Organisatioun Peta. Et wäert de Problem vun der Dréchent och net léisen.
Namibia ass zanter Mee am Ausnamezoustand wéinst der massiver Dréchent a groussen Deeler vu Südafrika. Dem Welternärungsprogramm no sinn ongeféier 1,4 Milliounen Namibier, dat heescht bal d'Hallschent vun der Bevëlkerung, mat akuter Ernärungsonsécherheit konfrontéiert.