De Beluga Hvaldimir, dee Russland wuel zur Spionage soll agesat hunn, ass dout. Dat hunn d'Déiereschutzorganisatiounen Noah an One Whale gemellt.

Um ganze Kierper vum Wal waren Aschosslächer ze gesinn, sou d'Regina Crosby Haug,Cheffin vu One Whale, géintiwwer AFP. Wéi d'Noah-Directrice Siri Martinsen nach sot, wieren d'Verletzunge vum Déier "alarméierend" a vun enger Aart, déi op eng kriminell Dot schléisse loossen.

Béid Organisatiounen hu Biller verëffentlecht, déi dee mat Blutt iwwerstréimte Wal mat Schosswonne weisen. Bei der norwegescher Police wier eng Plainte gemaach ginn, sou dass de Virfall kéint strofrechtlech ënnersicht ginn.

De Beluga Hvaldimir war e Samschdeg dout an enger Bucht un der norwegescher Südwestküst entdeckt ginn. E Méindeg koum de Kadaver fir eng Obduktioun an de Labo vun der nationaler Veterinärsinspektioun. D'Resultat dovu wier bannent den nächsten dräi Wochen z'erwaarden.

De Wal war 2019 eng éischte Kéier an Norwegen gesi ginn. Hien hat Gurter un, fir eng Kamera kënnen ze fixéieren, op deenen "Ekipement aus St. Petersburg" drop geschriwwe stoung. D'Norweger hunn hien doropshin Hvaldimir gedeeft - "Hval" heescht Wal op Norwegesch - an d'Endung "dimir" ass dobäi eng Uspillung op déi presuméiert Verbindung mat Russland.

Norwegen huet donieft spekuléiert, ob de Wal iere vun de russescher Marinn trainéiert gi wier an aus der Gefaangenschaft entkomme konnt. Biologe war et gelongen, him d'Gurter auszedoen, hiren Zweck ass bis haut onkloer. Moskau huet sech ni offiziell dozou geäussert.

Sou ganz onberechtegt ass d'Spionage-Theorie net. Souwuel d'Sowjetunioun wéi och d'USA hate wärend dem Kale Krich Delfinen agesat. Si waren drop trainéiert, U-Booter a Minnen opzespieren, souwéi verdächteg Objeten oder Persounen an der Géigend vun Häfen a Schëffer z'erkennen.