Privatleit mussen iwwer 400 Mierschwéngercher ofginn

© Envato GSR-PhotoStudio
D'Déiereschützer an d'Leit vun der Veterinärsinspektioun hu sécher am Laf vun hirer Karriär scho sou munch aussergewéinlech Situatioun erlieft.
Dozou gehéiert och eng rezent Aktioun zu Viichten. Do hu Privatleit an de leschten Deeg ënnert anerem iwwer 400 Mierschwéngercher mussen ewech ginn. Dëse Chiffer nennt eis op Nofro hin de "Bureau de Gestion des Avoirs", kuerz BGA, deen dem Justizministère ënnersteet.
Den Nopere war opgefall, datt bei de Leit iergendeppes net stëmmt, doropshin hu si d'ALVA, d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung, kontaktéiert, déi zesumme mam privaten Déiereschutz an der Police op d'Plaz kucke gaangen ass. Relativ séier war kloer, datt d'Situatioun net esou kéint bleiwen.
De Proprietär vun de Mierschwéngercher krut e "Procès verbal de saisie" virgeluecht, op deem hien eng Renonciatioun ënnerschriwwen huet, esou den zoustännege Beamte vum BGA vis-à-vis vun RTL. Hien explizéiert, datt domadder d'Proprietéit integral un de Staat fält.
Vill Déieren ageschléifert
Deen hat dem privaten Déiereschutz den Optrag ginn, sech ëm dës Situatioun ze këmmeren. D'ASBL huet bei zwou Aktiounen, e Méindeg virun enger Woch an e Samschden, 401 Mierschwéngercher matgeholl. Vue datt d'Déieren awer net aartgerecht gehale goufen, sinn der och ageschléifert ginn. Op Avis vun engem Veterinär 25 sur place an den Dag drop bei enger méi geneeër Kontroll gouf decidéiert, 92 weider Schwéngercher z'euthanaséieren, heescht et vum BGA.
Als Grond steet am Dossier, datt et bei verschiddenen Déieren eng "Verfettung vun den Organer" gouf. Anerer, zemools déi, déi op der Plaz ageschléifert goufen, hätten Deformatioune vun den Zänn gehat. Datt Problemer mat den Zänn bei Mierschwéngercher kënnen dozou féieren, datt se schlëmm gesondheetlech Problemer kréien, kann d'RTL-Déierendoktesch Romi Roth novollzéien.
"Mierschwéngercherszänn wuessen hiert Liewe laang. 2 bis 3 Millimeter an der Woch, meeschtens no baussen, deemno wéi awer och no bannen. Richteg Wuerzele wéi aner Mamendéieren hu se net a wa se an der falscher Direktioun no bausse wuessen, musse se entweder vum Déierendokter gekierzt ginn, a reegelméissegen Intervallen, oder gezu ginn."
Dat ass awer méi komplex, explizéiert d'Romi Roth, déi aus hirer Experienz bei sech an der Praxis schwätzt an net an dësen Dossier involvéiert ass.
Mierschwéngercher net kastréiert
An de leschten Deeg hunn nach eenzel Déiere missten ageschléifert ginn. 5 Stéck si vum selwe gestuerwen, seet de BGA an do muss ee präziséieren, datt et d'Chiffere vum Mëttwoch sinn. Dat ass net onwichteg, well déi Zuelen ännere vun Dag zu Dag. D'Mierschwéngercher, déi matgeholl goufen, waren net kastréiert an dofir sinn eng Rei weiblech Déieren och gedeckt.
"Mierschwéngercher kréien am Schnëtt 1 bis 6 Jonker. Déi kleng Déieren aus dem Peru droen am Verglach mat anere Knabbleren ganz laang, nämlech ongeféier 10 Woche wéi Honn a Kazen. Fir de Verglach: Hamsteren droe just 2 bis 3 Wochen."
Dat ganzt Ausmooss vun dëser Affär ass also nach net ganz ofzegesinn. Bis e Mëttwoch ware 24 weider Déieren op d'Welt komm.
De Gros vun de Mierschwéngercher, eng 300 Stéck, ass bei Fräiwëllege vum privaten Déiereschutz ënnerkomm, heescht et vum Bureau de gestion des avoirs. Donieft wieren der iwwer 50 an der Wëlldéierestatioun zu Diddeleng, 4 bei engem Veterinär an 13 am Escher Déierepark.
De privaten Déiereschutz vermëttelt d'Mierschwéngercher elo am Numm vum Staat, deem se jo gehéieren. Leit, déi der wëllen ophuelen, kënne sech iwwer Email bei der ASBL mellen op Deiereschutz@pt.lu.
Wéi halen ech Mierschwéngercher?
Sief awer och präziséiert, datt ee sech soll bewosst sinn, datt Mierschwéngercher an der Moyenne 6 bis 8 Joer al ginn, datt ee se net eleng halen dierf, well et sozial Déiere sinn, datt se sech gäre beweegen an dowéinst vill Käfeger, déi een dorëmmer ze kafe kritt, däitlech ze kleng sinn. Donieft spillt och bei den d'Déieren d'Ernierung eng wichteg Roll.
Fir datt d'Zänn sech kënnen ofreiwen, brauche se all Dag Hee, vill Gréngs - dorënner Geméis an och kleng Quantitéiten Uebst. Donieft muss een drun denken, datt all Déier ka krank ginn an een eng Plaz brauch, wou ee se ënnerbrénge kann, wann een emol eng Kéier e puer Deeg net do ass.
Bei der Aktioun zu Viichten goufen nieft de Mierschwéngercher och nach 16 Kanéngercher, dräi Inten, zwee Hunnen an zwee Hénger matgeholl. Déi sinn zum Deel schonn adoptéiert ginn.
Reaktioun vun Associatioun "Déieren an Nout"
D'Asbl "Déieren an Nout" stelle sech an engem Communiqué vun en Donneschdeg de Moien eng Rei Froen zum Oflaf vun den Aktiounen an der Ënnerbréngung vun de Mierschwéngercher. Ënnert anerem wier d'Associatioun selwer net iwwer de Fall zu Viichten informéiert ginn an och net gefrot ginn, ob si beim Ophuele vun den Déiere kéinten hëllefen.
D'Schreiwes vun der Asbl:
Pressecommuniqué
Freiden de 4.10 war eis Asbl gefrot ginn op mir déi enorm vill Mierschwéngercher di saiséiert goufen opgeholl hätten.
Nee hu mer net, mer waren och weder gefrot ginn en Deel dervun ze iwwerhuelen nach hu mir iwwerhaapt eppes vun sou enger Saisie gehéiert oder gelies. Wat usech awer komesch ass, sou eng grouss Unzuel u Mierschwéngercher kritt en eenzelne Veräin net adequat ënnerdaach an ouni Reklamm och net vermëttelt.
Op Nofro bei verschiddene Veräiner krute mer vun engem Veräin d’Äntwert: „Wouhir weess de dat? Jo, mir hänken et awer net un d’grouss Klack. LG“ dono ass och nach eemol gefrot gi wien dat da viru ginn hätt an op d’Offer der eng Partie ze iwwerhuele koum keng Reaktioun. Komesch…
Duerch bëssi lenks a riets froe krute mer Screenshotten dass 500 Mierschwéngercher do raus geholl gi wären, de gros vun de Weibercher rëm gedeckt. Och e puer Kanéngercher, Inten a Hinger.
Do stellen sech awer lo puer Froen: koum do ee Communiqué de presse vun offizieller Säit? Oder eng Matdeelung op de soziale Medien? Mir krute gesot dat wär net de Fall, firwat net?
Fir den Déieresammler ze schounen? Wuel kaum, an sou Fäll mécht dat souwisou ganz séier den Tour vum Duerf.
Oder, wat an eise Aa méi warscheinlech ass, ëmsou méi mir duerchaus scho mat dem Veräin zesumme geschafft hunn an hir Virgoensweis kenne: well op Grond vun der grousser Unzuel vun Déieren (Mierschwéngercher kréien an der Regel 2-4 Klenger, also wäert et Richtung 800 Déiere goen) dass een (wien?) decidéiert huet der vill anzeschléiferen an dat net wëll public maachen?
Wien decidéiert wéi eng Déieren ageschléifert ginn? Se ginn „erléist“ gëtt oft a sou Fäll gesot, ass et wierklech sou oder gesäit een sech eleng opgrond vun der Quantitéit gezwong en Tri ze maachen an d’Déieren ginn entsuergt amplaz soignéiert? Dat wär jo awer liicht ze ëmgoen wann ee géif opdeelen?
Wéi vill sinn der dann eigentlech tatsächlech ageschléifert ginn? Am Beitrag vun der Mme Rasqué sinn aner Zuele wéi déi mer genannt kruten, um Screenshot geet vu 500 riets déi si den 30.9 eraus geholl hätten, am Duerf geet vu 485 riets.
Gëtt et do dann eng konkret Diagnos fir all Déier?
Firwat gëtt vun den zoustännegen Autoritéite just een eenzege Veräin kontaktéiert? Wär et net méi sënnvoll de Beamte vun der ALVA wou sech jo am Virfeld e Bild vun der Situatioun gemaach hat géif a sou Fäll e puer Veräiner kontaktéieren an d’Charge opdeelen?