Autoritéite maache sech suergen iwwer héich Zuel vun doudege Keele-Robben

© pexels.com / Adrien Stachowiak
D'Autoritéite vum däitsche Bundesland Mecklenburg-Vorpommern weise sech besuergt iwwer eng ongewéinlech Hausse vun der Zuel vun doudege Keele-Robben.
Eleng zanter Ugangs Oktober wieren iwwer 20 doudeg Keele-Robben op der Ost-Säit vun der Insel gebuerge ginn, sou den Ëmweltminister vum Bundesland, den Till Backhaus vun der SPD en Donneschdeg zu Schwerin. D'Déiere wieren all an engem gudden allgemengen Zoustand a géife keng Blessuren opweisen. Et géif een aktuell nach no der Doudesursaach sichen.
Wéi et vum Ëmweltministère vum Bundesland heescht, wiere Kadavere vun den Déieren un de Landwirtschaftsministère, d'Administratioun fir Liewensmëttelsécherheet a Fëscherei an an den däitsche Mier-Musée geschéckt ginn. Donieft wier ënner anerem och d'Police an d'Sich no der Doudesursaach vun den Déiere mat agebonnen.
Aktuell kéint een nëmmen eng Infektioun mat der Vullegripp als Doudesursaach ausschléissen. D'Hausse vun den Doudesfäll wier awer e Grond, fir sech ze suergen. D'Keele-Robbe si mat de Séihënn verwannt a stinn ënner strengem Naturschutz.