En Donneschdeg den Owend ass Police op eng verdächteg Gestalt opmierksam ginn, déi net wäit fort vum Policebüro hiert Onwiese gedriwwen huet.

Um Terrain vun der Polizeiinspektion Sömmerda an Thüringen war nawell vill Kaméidi, wat d'Beamten dozou verleet huet, d'Ermëttlungen opzehuelen. Séier stoungen déi presuméiert Täter fest: ee Fuuss hat sech an eng "hëtzeg Diskussioun mat enger Kaz verwéckelt".

Zu enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht deenen zwee koum et glécklecherweis net, well d'Kaz sech aus dem Stëbs gemaach huet, nach ier d'Beamten agräife konnten.

Wéi et an engem Communiqué vun der Police heescht, krut de schëllege Fuuss ee Platzverweis vun enger Beamtin an ass vun hir bis bei den Ausgank begleet ginn. "Vun enger Plainte wéinst Hausfriedensbruch hunn d'Beamten ofgesinn", heescht et nach am Communiqué.