408 Kazevideoen op YouTube goufen analyséiert, d'Konklusioun: Zwee Drëttel vun de Kaze schlofen op der lénker Säit. Wéi et schéngt, ass dat keen Zoufall.

Enger rezenter Etüd no schlofe Kazen am léifsten op der lénker Säit. Dat wier wuel eng evolutionär Iwwerliewensstrategie, wéi et an der Fachzeitung "Current Biology" heescht. Wéinst hirer Gehierstruktur kéinten d'Déiere sou nom Opstoe méi séier op Ugräifer oder Friesse reagéieren.

Déiere si virun allem am Schlof besonnesch vulnerabel, a Kaze verbréngen all Dag eng 12 bis 16 Stonnen domat, dacks liicht méi héich, op Trapen oder Kuschen ze leien. D'Ekipp ronderëm de Fuerscher Onur Güntürküm vun der Ruhr-Universitéit Bochum huet 408 YouTube-Videoe vu Kazen, déi schlofen, ausgewäert. Ronn zwee Drëttel vun den Déiere läit deemno léiwer lénks, fir ze schlofen.

D'Fuerscher hunn och eng Hypothees fir e Grond: Dës Schlofpositioun erhéicht wuel d'Chance, aner Déieren nom Opstoe séier z'entdecken.

Hannergrond ass, datt d'Gehierhallschenten op ënnerschiddlech Saache spezialiséiert sinn. Déi riets Gehierhallschent dominéiert de Wëssenschaftler no bei der raimlecher Opmierksamkeet, dem Verschaffe vu Geforen an der Koordinatioun vu séiere Fluchtbeweegungen. Schlofe Kaze méi héich op der lénker Säit, kënne si hir Ëmgéigend beim Opstoe séier mat der lénkser Hallschent vun hirer Vue wouerhuelen - déi an der rietser Gehierhallschent verschafft gëtt. Läit d'Kaz op der rietser Säit, gëtt hir lénks Vue vum eegene Kierper ageschränkt.

"Op der lénkser Säit ze schlofen, kann deemno eng Iwwerliewensstrategie sinn", ass de Fazit vun de Fuerscher. Bei de meeschten Aarte reagéieren Déieren deemno méi séier, wann en anert Déier vu lénks kënnt. "Weider Facteure kënnen net ausgeschloss ginn", betount d'Ekipp awer nach. Weider Fuerschung zum Entstoe vun esou Asymmetrië wieren deemno sënnvoll.