An Thüringen huet eng Kaz hirer Besëtzerin d'Liewe gerett

D'Kaz huet Alarm geschloen a konnt esou erreechen, datt hir Besëtzerin Hëllef konnt kréien.
Wéi d'Police matgedeelt huet, hätt déi 59 Joer al Fra aus Dachwig e Samschdeg an hirer Wunneng geleeën, ouni datt si hätt kënnen Hëllef ruffen. Hir Kaz war doropshin aus der Fënster gesprongen, ass iwwert d'Haaptentrée nees zeréck an d'Méifamilljenhaus komm an huet do mat haardem Miauen an dem Zerkraze vun der Tapéit op sech opmierksam gemaach.
Noperen hunn d'Verhale vun der Kaz, wat si esou vum Déier net kennen, bemierkt an hunn direkt d'Police geruff. D'Beamte sinn, wéi si d'Verhale vun der Kaz gesinn hunn, direkt dovun ausgaangen, datt hir Besëtzerin a Gefor kéint sinn, an hunn decidéiert, d'Wunnengsdier opmaachen ze loossen. Do hu si dann d'Fra entdeckt an dofir gesuergt, datt si direkt medezinesch versuergt gëtt.