Onbekannte schneit zwee Känguruen de Kapp of an hëlt se mat

© AFP/Archiv/Marcel Mochet
An engem Déierepark zu Solingen an Nordrhein-Westfalen huet eng onbekannt Persoun zwee Kängurue gekäppt. D'Police huet eng Enquête lancéiert.
D'Déiere goufe scho virun Ouschtere fonnt, esou d'Police, ma elo réischt gouf de Fall bekannt gemaach. Et war een uganks vu Bëss duerch en anert Déier ausgaangen, eng weider Ënnersichung duerch eng Expertin huet elo awer erginn, datt e Mënsch mat engem "Schneid-Instrument" d'Déieren ëmbruecht an hir Käpp matgeholl huet. Op Videoopname vun der Iwwerwaachungskamera wier der Police no ze gesinn, wéi e Mann baussent den Ouvertureszäite vum Déierepark de Site betrëtt an direkt bei d'Kängurue geet. Aus deem Grond gouf eng Enquête lancéiert.