E Séiaadler, deen aus dem Zoo vun Amnéville entwëscht ass, gouf zu Roussy-le-Village erëmfonnt – agefaange gouf de Gräifvull awer nach net.

Wéi den Zoo vun Amnéville e Sonndeg bekannt ginn huet, ass e Séiaadler mam Numm Ryu fortgeflunn. De Gräifvull soll sech wärend engem Training duerch d'Bascht gemaach hunn, dat a Richtung Lëtzebuerger Grenz.

E Méindeg ass de Ryu zu Roussy-le-Village an enger Eech erëmfonnt ginn, allerdéngs konnt d'Personal aus dem Park den Aadler nach net nees afänken.

D'Personal warnt dann och, dass een dem Gräifvull net ze no soll kommen, fir dem Déier keng Angscht ze maachen. Well de Ryu a Gefaangenschaft opgewuess ass, wier hien net fäeg, eleng an der Natur ze iwwerliewen.

D'Flilleke vun engem Séiaadler kënnen eng Spanwäit vu bis zu 2,5 Meter hunn. Wéi grouss de Ryu ass, ass momentan net gewosst.