Dräi Hoteller fir Fliedermais gëtt et entretemps zu Lëtzebuerg. Déi sougenannte Wildlife Towere sollen de Fliedermais hei am Land en Ënnerdaach ginn.

Den neisten Tower ass an der Gemeng Jonglënster am Naturschutzgebitt Weimerech a soll dem Bestand vu Fliedermais hëllefen.

Zanter a puer Méint steet de Wildlife Tower an der Gemeng Jonglënster an ass prett fir seng Gäscht: d’Fliedermais. Mat sengen dräi Stäck an engem Grondrëss vun 3,5 x 3,5 Meter ass den Tuerm en ideaalt Doheem fir d’Flantermais, souwuel am Wanter, ewéi och am Summer, erkläert d’Juliana Reichert vun der Naturverwaltung, déi och dëse Projet leet:

“Also uewen ënnert dem Daach ass et ganz waarm. Hei um Rez-de-Chaussée hu mir och Bëton, dat ass relativ kill. An dann hu mer hei ënnen nach eise Keller, deen ass relativ grouss. An do ass och d'Hoffnung, datt do, wa mer do eng stabel Temperatur hunn, och eng gewëss Loftfiichtegkeet, dass se dat souguer als Wanterquartéier kéinten notzen. Dat wier wierklech eis Hoffnung, datt se do sécher Wanterquartéier net nach a Stolle musse fléien, wou da vläicht aner Stéierungen nach sinn.” 

Et ass schonn den drëtten Tower, deen et esou zu Lëtzebuerg gëtt. E véierten ass geplangt. Well bei deenen aneren Tierm bemierkt d’Naturverwaltung schonn de Succès, esou, wéi et och schonn an den Nopeschlänner de Fall ass. Inspiréiert ass den Tower nämlech vum EU-LIFE-Projet "Große Hufeisennase" a Bayern.

De Projet huet ronn 80 Dausend Euro kascht a gouf gréisstendeels vun der Gemeng Jonglënster finanzéiert. Ier den Tuerm gebaut gouf war dat aalt Haus zu Jonglënster – och als Schlass bezeechent – als Doheem fir d’Fliedermais geduecht. Duerch Baufällegkeet a Schuedstoffer ass dat awer keng Optioun méi.

Grouss Huffeisennues

Zu Lëtzebuerg ginn et ongeféier 20 Aarte vu Fliedermais. Well hire Liewensraum lues a lues verschwënnt, misste se aktiv geschützt ginn. Eng Zort, déi vum Ausstierwe bedrot ass, ass d’Grouss Huffeisennues. Lëtzebuerg hätt bei dëser Flantermaus eng grouss Responsabilitéit, esou d’Juliana Reichert:

“Mir sinn hei an engem groussen Ëmkrees vu villen honnert Kilometer, déi eenzeg Wochenstubenkolonie. Wochenstubenkolonie, dat heescht, si kommen op déi Plaz, also d'Mamendéieren, a si kréien hir Jonk, an ech soen och bewosst Mamendéieren, dat sinn, jo, Säugedéieren, si nieren hir Kleng, also se sinn och ganz schéi Biller, wa se da mat hire klenge Bëbeeën dann do hänken, déi dann och ofsetzen, op d'Juegd ginn, erëm zréckkommen.”

Dofir soll grad déi Grouss Huffeisennues vum Tower ugelackelt ginn.

Fliedermais si wichteg fir den Ekosystem an d’Biodiversitéit. D’Naturschutzgebitt Weimerech ass mat senger Planzen- an Insektevillfalt en ideaalt Doheem fir d’Flantermais, wou si quasi direkt an hirem eegene Supermarché sinn.