An Alaska ass d'"Fat Bear Week" amgaangen

© Flickr.com / Katmai National Park and Preserve
Brongbiere friesse sech all Joer eng zolidd Fettschicht un, fir duerch de Wanter ze kommen.
Zwar halen dës Biere kee klassesche Wanterschlof. Si ginn awer an eng Wanterrou. Dat bedeit, dass si hir kierperlech Aktivitéite staark eroffueren. Hire Bols gëtt ganz niddereg a si ootmen nëmmen nach a ganz groussen Ofstänn. Dat alles huet de Sënn, dass si méiglechst wéineg Energie an domat kierperlech Ressource verbrauchen.
Wärend der Wanterrou schlofen d'Biere vill, erwächen awer ëmmer erëm nees. Fir hir Rou zéie si sech an e Wanter-Lager zeréck. Dat kann eng Hiel, e gréissere Rass an enger Fielsmauer oder e Bau sinn, dee si dofir gruewen. De Buedem vun hirem Lager polstere si mat Blieder, Moos a Gras.
Obwuel si wärend der Wanterrou heiansdo erwächen, iesse Bieren an de Phasen, an deene si wärend der kaler Joreszäit waakreg sinn, näischt. Dowéinst verléiere si wärend där Zäit ronn 40 Prozent vun hirem Kierpergewiicht. Fir dass d'Bieren dat iwwerliewen, musse si sech, éier si sech tässelen eng grouss genuch Fettreserv, ufriessen.
Besonnesch an de méi kalen nërdleche Regiounen muss dës Reserve besonnesch grouss sinn. Dat well d'Bieren hei besonnesch laang Rou halen. Dat ass zum Beispill am "Katami National Park" am US-Bundesstaat Alaska de Fall. Hei ginn d'Bieren esouguer esou déck, dass all Joers eng sougenannt "Fat Bear Week" organiséiert gëtt. Hei kann een online ofstëmmen, wéi ee vun den décke Bieren engem am Beschte gefält. D'Ofstëmmung geet nach bis den 30. September. Duerno gëtt annoncéiert, wéi ee Bier gewonnen huet.
Gewënner vun der Editioun 2024 war iwweregens eng Mudder mam Numm "128 Grazer".