Live! Planet People am ReplayMelody Funck, Cecilia Vieira an Emilie Boland

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People waren e Freideg d'Melody Funck, d'Cecilia Vieira an d'Emilie Boland eis Invitéen.
Live! Planet People
Am Live! Planet People waren e Freideg d’Melody Funck, d’Cecilia Vieira an d’Emilie Boland eis Invitéen.

D’Melody Funck danzt op alle Plattformen an huet, no Facebook an Instagram, elo TikTok fir sech entdeckt. Mat klenge Vakanzefilmer goung et lass. Elo zielt déi jonk Influencerin aus hirem Alldag. Eleng hire Clip iwwer hir eege Bachelor-Thees goung viral an hat 700.000 Views. An der Pandemie ënnerstëtzt déi sympathesch Fotografin, déi och 2017 bei der Foto-Editioun vun Generation Art derbäi war, Entreprisen, fir weider an de Käpp vun de Leit ze bleiwen.

D’Cecilia Vieira päift drop, fir sech unzepassen a léisst sech an hirem Podcast vun originelle Leit inspiréieren. Dobäi ass den eegene Parcours schonn aussergewéinlech genuch. D’Meedche vu brasilianeschen Elteren ass am Grand-Duché gebuer a schwätzt 5 Sproochen. De Moment studéiert déi 22 Joer jonk Fra zu Berlin a schafft niewebäi an enger “Zero Waste"-Start-Up. De Podcast “Ceci, do you love me?” ass reegelméisseg ënner den Top 10 vun de Podcast-Charts a soll jonke Leit hëllefen, hire Wee ze fannen.

D’Emilie Boland ass déi aktuell Miss Luxembourg a sozialen Engagement ass fir si enorm wichteg. No 2 Joer als Stewardess wollt si sech mat engem eegene Kleedergeschäft an der Stad selbstänneg maachen. Corona koum dertëscht an dunn huet si 184 Kleeder bannent 2 Wochen op Instagram verkaaft. Elo schafft d’Emilie bei der Adem an notzt hir Fräizäit, fir Reiden an Thaiboxen.

E Sonndeg organiséiert d’Emilie zesumme mam Sandy Colmant e Vide dressing fir kriibskrank Kanner z’ënnerstëtzen. www.vdbysandy.com oder 661 222 251.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO