Sech aus Freed un der Saach fir aner Leit staark maachen, d'Integratioun an d'Gesellschaft ze fërderen a fräiwëlleg Zäit an Energie ze spenden.

Dat ass de Benevollen aus eiser neier Serie "Am Asaz fir d'Gesellschaft" wichteg. Mir stellen all Mëttwoch een neien Integratiounsprojet vir.

Benevolat ass dat, wat de Paul Prussen dreift. De Pensionär schenkt anere Leit gäre seng Zäit. Hie schwätzt 5 Sproochen an notzt seng linguistesch Kenntnisser, fir do Hëllef ze bidden, wou se gebraucht gëtt. Zanter 3 Joer schafft hien als Fräiwëllege bei der Asti. D'Associatioun, déi d'Integratioun vun den Auslänner an déi interkulturell Beräicherung hei am Land fërdert.

De pensionéierte Psycholog besicht de Sëtz vu senger Associatioun zweemol am Mount. Hien ass ee vun de 6 Fräiwëlleger, déi als Écrivain public schaffen.

De Pensionär hëlleft de Leit, ënnert anerem e Liewenslaf oder e Bréif ze schreiwen, esou wéi administrativ Dokumenter auszefëllen. Seng sproochlech Kompetenze setzt de Paul Prussen och gären am Café des Langues an. Eng Plaz, wou ee Leit aus der ganzer Welt begéint. All Mount animéiert de Paul am Kulturzentrum zu Dummeldeng d’Gespréicher vun den Awunner aus dem Grand-Duché.

Duerch senge Sproochekenntnisser a sengem Engagement am Benevolat ass de Paul Prussen en Ambassadeur fir eist multikulturellt Land. E Land, an deem enger Ëmfro vun TNS Illres no ronn 73% vun der Bevëlkerung véier oder méi Sprooche schwätzt.