Tom Meyer, Yesmin Ben Hammouda a George Philippart
E Freideg den Owend am Live!: E Concierge privé, eng Influencerin mat Lëtzebuerger Wuerzelen an e Sänger, deen eng nei Single erausbréngt.
Den Tom Meyer lieft gär op groussem Fouss als Concierge privé, an ass elo zu Reims vum Ordre des Coteaux de Champagne feierlech zum Consul ernannt ginn. Hie kennt sech op der ganzer Welt aus an huet schonn op ville Plaze geschafft. Als President vum Executive Board vun der asbl "Concierge Circle Luxembourg" geet et drëms, déi eenzel Facette vun den Aarbechte vun engem Concierge bekannt ze maachen. Hien ass och den Initiateur vum "Best Concierge Award", deen all Joer exzeptionell Efforten ervirsträiche wëll an zanter 3 Joer organiséiert hien och de "Concierge City Trip".

D'Yesmin Ben Hammouda ass Influencerin, lieft zu Dubai an ass am Guiness Buch mat engem Rekord ze fannen. D'Yesmin ass zu Lëtzebuerg gebuer, schwätzt 8 Sproochen an huet bei enger Reality Show op der Televisioun matgemaach, wou et drëms goung, op de Mount Everest ze klammen, fir op 5.600 Meter e Moudendefilé ze maachen. Reegelméisseg hält d'Model seng méi wéi 600.000 Follower op Instagram um Lafenden. Hei kritt een och mat, dass si sech fir CrossFit an Bodybuilding interesséiert a viru kuerzem e Master am life coaching gemaach huet, a sech mat Hypnose auskennt.

Den George Philippart war schonn zwee Mol bei The Voice an Däitschland an huet elo säin éischte Clip "Être moi" virgestallt. 15 Joer Conservatoire maache sech bezuelt. Dass e grousst Talent do ass, beleeën déi vill Castingshowen, ugefaange bei "Wann s de eppes kanns", DSDS an "The Voice", wou de Rea Garvey, d'Yvonne Catterfeld an d'Stefanie Kloss seng Coache waren. Direkt 4 Singln sinn dëst Joer vum George erauskomm, "Can't help falling in love", "La mer", "L'amour est bleu" an ganz nei "Être moi" wou och e Videoclip mat Hëllef vum Kulturministère gedréit gouf.
