Eng Botzfra, déi eemol d’Woch doheem botzt, dat hunn wuel eng Rei Leit hei am Land. Eng Gouvernante, e Chauffeur oder eng Privat-Assistentin, net onbedéngt. Dëst méi exklusiv Servicer ginn dacks vu Privatleit an Usproch geholl, déi finanziell gutt situéiert sinn. Dat selwecht gëllt och fir den Immobiliëmarché – fir grouss, extravagant Villaen ze kafen, muss de Montant um Bankkonto stëmmen.
Eng RTL-Equipe huet hannert d’Diere vun enger 8 Milliounen Euro Villa geluusst, a Professioneller aus dem Service-Beräich kennegeléiert, déi geschoult goufen, fir dem Client ee Gefill vu Confort ze bréngen a säin Alldag an allen Hisiichten ze vereinfachen.