Am Live Planet People geet et e Freideg ëm Weltreesen, Schauspillerei, Comicken a Musek.

De Loris Stankovic hat sech no der Première entscheet, eng Weltrees ze maachen. D'Uni konnt nach e Joer waarden an am August 2022 goung et lass zu Singapur, iwwer Kuala Lumpur op Bali, Australien, Fidschi, Neiséiland an 3 Woche Japan. Iwwerall huet hien interessant Bekanntschafte gemaach a villes erlieft. No der éischter Rees goung et als Backpacker an de Kambodscha, de Vietnam, Laos an Thailand an um leschten Trip am Mee huet et de Loris vun Athen duerch de Balkan bis heem gezunn. All seng Souvenire fënnt een op YouTube ënner LorisWRLD.

RTL

D'Dorothée Neff ass Actrice a spillt d'Haaptroll an der ARD-Telenovela "Sturm der Liebe". Déi romantesch Geschicht ass an der 19. Staffel ganz ronderëm d'Roll vum Eleni opgebaut. Vun 2006 bis 2007 huet d'Dorothée Jazzgesang, Piano a Posaun zu Köln studéiert, ier nach e Studium an der Neuropsychologie zu London dru gehaange gouf. Gesi konnt een d'Dorothée Ufank des Jores an der éischter Romcom, eng Ofkierzung fir romantesch Komedie, zesumme mam Konstantin Rommelfangen awer och am Tatort "Dreams" war si 2021 mat derbäi.

RTL

De Michael Vogt ass e Comic-Zeechner vu Berlin an ass de Weekend um BD Festival zu Contern. De Vogt, deem säi Papp Bréifdréier war an d'Mamm Hausfra, huet eng Formatioun a Grafik-Design gemaach, war 4 Joer bei enger Publicitéitsagence an ass elo Creative Director vun mquadrat. Comicken zeechent hien zanter dem éischten oder zweete Schouljoer. Éischt Cartoons sinn 1985 erauskomm, a säin éischte professionelle Comic 1987. Richteg bekannt sinn "Perry - unser Mann im All", "Mark Brandis" oder "Ein seltsamer Tag" awer och seng Futtball-Comicken z.B. iwwer Schalke.

RTL

D'Stefanie Heinzmann gouf 2008 vum Stefan Raab entdeckt a séngt nach ëmmer mat der selwechter Begeeschterung. 6 Alben huet d'Stefanie bannent 14 Joer erausbruecht, vill Präisser gewonnen, ë.a. den Echo, Comet, 1Live Krone an MTV Europe Music Awards. An och "Brëllegesiicht vum Joer" war d'Stefanie schonn. Bis elo kënnt d'Sängerin op 500 Concerten op der ganzer Welt. Vun der Schwäiz bis an den Apollo Theatre zu New York, awer och am Atelier oder den 2. September um Betzfield Open Air bei engem Picknickconcert zu Rued/Syr.

RTL