Déi brittesch Kinnigin gouf mat engem besonnesche Kaddo geéiert.

Dem Kinnek Charles III seng Fra huet sech um Dënschdeg flattéiert gewisen, wéi si am Buckingham Palace d'Popp iwwerreecht krut. "Dir hutt mech ëm ronn 50 Joer méi jonk gemaach. Mir sollten alleguer eng Barbie hunn", laacht d'Camilla.

D'AFP schreift op X: "Barbie huet villäicht keen Oscar gewonnen, awer den Accord vun der Kinnigin Camilla, déi als eng vun de Poppe veréiwegt gouf."

D'Popp huet eng Miniatur-Versioun vum Camilla hirem Gezei un. E blot Kleed vum Fiona Clare a schwaarz Stiwwele vum Eliot Zed. Allerdéngs gëtt et just eng eenzeg Popp, d'Barbie kënnt also net an den Handel.

De Kaddo ass eng Unerkennung fir hir Aarbecht als Presidentin vun der Stëftung Women of the World. Bei der Zeremonie waren och déi belsch Kinnigin Mathilde an d'Schauspillerin Helen Mirren, déi am Barbie-Film matgespillt huet.