Elektrizitéit aus zerschredderten Hochzäitsfotoen

© Jade GAO / AFP
An engem verstëbste Lager am Norde vu China zerschreddert de Liu Wei Hochzäitsfotoe vu Koppelen, déi sech getrennt hunn, fir doraus Elektresch ze maachen.
D'Geschäft vun den Hochzäitsfotoen a China ass grouss. Reegelméisseg poséieren nei bestuete Koppelen a Parken, virun Tempelen an op historesche Sitten, fir hiren éiwege Bond festzehalen. Mee an engem Land, an deem Millioune Leit sech all Joers scheede loossen, lande vill Hochzäitsfotoen um Späicher oder an der Dreckskëscht.
Dem Liu Wei seng Entreprise bitt dozou eng Alternativ un. Ex-Koppele kënnen hir Erënnerungen hei zerstéiere loossen a se esou och nach zu Brennstoff recycléieren. Am ganze Land hätt et kee Service ginn, deen et de Leit ubitt, hir perséinlech Géigestänn ze zerstéieren, erkläert den 42 Joer ale Liu Wei.
Trotz kulturellen Tabue ronderëm d'Zerstéierung vu Biller vu Leit, déi nach liewen, kritt de Liu 5 bis 10 Opträg den Dag aus ganz China. Dozou ziele grouss Fotoen, déi mol eng ganz Mauer dekoréiert hunn, awer och méi kleng Biller a Fotoalbumen.
Ier et an de Schredder geet, sprayt hie mat schwaarzer Faarf iwwer d'Gesiichter op de Fotoen, fir d'Identitéit vun de Cliente geheim ze halen. Wärend dem Schreddere filmt de Liu de Prozess a schéckt de Video u seng Clienten.
Hie schätzt, datt hie schonns eng 1.100 Clienten hat, haaptsächlech ënner 45 Joer a gréisstendeels Fraen. An dat an nëmmen deem enge Joer, zanterdeem hie säi Service lancéiert huet. Déi mannst géingen et aus Nidderträchtegkeet maachen. D'Fotoe bréngen dacks d'Gefiller aus der Trennungszäit nees op, an dat wéilten déi meescht einfach net. Anerer melle sech eréischt, wa si en neie Partner fonnt hunn, sech nees bestueden oder wann den Ex-Partner stierft.
D'Iwwerreschter vun de Fotoe gëtt de Liu Wei an e Bio-Kraaftwierk, wou se zesumme mat anerem Offall verbrannt ginn, fir Elektricitéit ze generéieren.