Hëtzeg Diskussiounen no negativem Statement op Soziale Reseauen

© AFP Archivbild
Nodeems de fréiere "Show-Praktikant" Elton vu sengem Sender gekënnegt krut, ginn d'Diskussioune weider iwwer d'Manéier, wéi dat Ganzt soll ofgelaf sinn.
Dem Elton no wier hien eréischt relativ spéit doriwwer informéiert ginn, nodeems annoncéiert gouf, dass de Mathias Opdenhövel seng Successioun als Moderator vun der Emissioun "Schlag den Star" iwwerhuele géing. ProSieben wëll dat awer net op sech sëtze loossen an huet sech elo selwer zu Wuert gemellt.
Leschte Mëttwoch, den 10. Abrëll, hat den Elton op Instagram geschriwwen, hie wier deen Ament eréischt iwwer seng Entloossung informéiert ginn. ProSieben seet, dass een dem Elton dat schonn den 18. Mäerz gesot hätt. Et steet also Ausso géint Ausso.
Fest steet: De Chef vu ProSieben Hannes Hiller huet sech wéineg begeeschtert gewisen iwwer d'Tatsaach, dass den Elton elo méi fir den däitschen RTL aktiv wier. Et wier wéi "wann een zanter Jore reegelméisseg fir de BVB géing spillen an dann op eemol ëmmer méi dacks am Fanblock vum FC Bayern ze gesi wier. Da géif sech d'Fro stellen, wéini et Zäit wier, fir de Veräin ze wiesselen".
Finanziell huet dat jo och Konsequenze fir den Elton, deen der BILD-Zeitung no fir eng Emissioun "Schlag den Star" 60.000 Euro soll kritt hunn.