Régis Moes, Karim Consbruck, Guy Loesch an de Laurent Rausch
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm den Nationalmusée, Fitness, SOS Kannerdierfer an d'Biergcourse zu Eschduerf.
De Régis Moes ass Conservateur am Nationalmusée, a schafft mat historeschen Objeten. Hien huet zu Bréissel Geschicht studéiert an huet säi Master op der Sorbonne zu Paräis gemaach. Seng Diplomaarbecht dréit iwwer d'Lëtzebuerger am Kongo. Haut sammelt hien zu 90% Saachen aus dem Alldag. En Zalotebesteck aus Sëlwer aus de 1900er Joren, Telleren vum Floumaart, eng Taass 'Vieux Luxembourg' erzielen hir eege Geschicht. Aktuell leeft d'Expo 'La révolution de 1974' am Nationalmusée um Fëschmaart, wou hien dru matgeschafft huet.

De Karim Consbruck hält d'Spiller vun Olympique Marseille an dem AC Mailand fit. Wéi bei ville Kanner wollt hien och scho ganz fréi Fussballprofi ginn. Well eng komplizéiert Verletzung hien awer dervunner ofgehalen huet, bei deene Groussen ze spillen, huet hie sech en Job gesicht, wou hien op d'mannst no um Fussball drun ass. 3 Méint war hien beim 'Olympique Marseille' an elo ass hien zanter September beim AC Mailand, fir am Fitnesszenter an um Terrain d'Fussballisten op en Toppniveau ze bréngen an hir Leeschtung ze verbesseren.

De Guy Loesch war mat 'SOS Villages d'Enfants Monde' bei der Toubkal Challenge. Zanter 2013 gi reegelméisseg sou sportlech Erausfuerderungen ugebueden, wou an der Vergaangenheet de Kilimandjaro (2013, 2014), den Nepal Challenge (2017) an den Uganda Challenge (2019) um Programm stoungen. D'Toubkal-Team huet sech aus 10 Fraen a 6 Männer aus 5 Natiounen zesummegesat an um Enn vum sportlechen Exploit sinn 52.000.- Euro zesummekomm, mat deenen e Lycée fir 500 Kanner an en Internat fir 50 Meedercher zu Aït Ourir gebaut gëtt.

De Laurent Rausch freet sech de 5. Mee, no 5 Joer Paus, op déi legendär Biergcourse zu Eschduerf. De President vun der 'Union des Pilotes, dee selwer Pilot ass, an domadder d'Familljentraditioun vum Papp Carlo an dem Monni Jeannot viruféiert, huet den éischten Weekend am Mee gutt 150 Autoen um Depart an dat national an international. Samschdes gëtt de ganzen Dag Training gefuer a sonndes sinn dann d'Coursen an den ënnerschiddlechen Kategorien.
