De groussen Interview mam Frank Elstner
Mat senger gréisster Iddi, der Sendung "Wetten Dass" huet hien Tëleesgeschicht geschriwwen. Ugefaangen hat seng Karriär awer beim Radio hei zu Lëtzebuerg.
Et ware Rekordquoten: bis zu 23 Millioune Leit hu samschdegowes dem Frank Elstner seng bekannte Show mat de Weltstaren a spektakuläre Wette gekuckt. Ugefaangen hat awer alles Ufank de 60er Joen an der Villa Louvigny als jonke Radiosspeaker bei Radio Luxemburg an als Timm Elstner, wéi hie gebierteg heescht.
Schonn do huet hien eng nei Sendung no der anerer erfonnt an esou Milliounen un Nolauschterer wäit iwwert eis Grenzen ewech begeeschtert. Mat mëttlerweil 82 Joer ass de Frank Elstner nach ëmmer äifreg a setzt sech fir de Schutz vun Déieren an, déi riskéieren auszestierwen, wéi zum Beispill den Orang Utan oder de bloen Ara. Am Interview erzielt hien och iwwer säin Ëmgang mat der Krankheet Parkinson.

Dëse Weekend war hie fir de Gala vum Europäesche Kulturpräis am Land, wou hie fir säi Liewenswierk geéiert gouf. D'Violetta Caldarelli huet d'Geleeënheet genotzt, fir mat dëser Koryphee an der däitscher Medielandschaft e perséinlecht Gespréich ze féieren.

Britta Elstner, Frank Elstner, Violetta Caldarelli