D'Wanderfederatioun organiséiert déi zweet Editioun vum "Wandersummer" vun Enn Juni bis ugangs September.

1.135 Kilometer si prett. Bei der éischter Editioun vum "Wandersummer" 2023 goufen iwwer 67.500 Kilometer getrëppelt.

65 verschidde Wanderunge ginn dëst Joer vun der Federatioun organiséiert. De Choix ass grouss, wéi zum Beispill de Minett- a Mëllerdall-Trail an och gastronomesch Wandertoure stinn um Programm. Et wëll een de Leit de Spaass un der Beweegung vermëttelen.

Um Internetsite vun der Wanderfederatioun fënnt ee méi Informatiounen. Umelle brauch ee sech net fir matzemaachen.

Op RTL.lu gitt Dir reegelméisseg duerch Fotoen iwwer de Wandersummer informéiert.

RTL

De Romain Buschmann, President vun der Wanderfederatioun. / © Arnaud Serexhe / RTL