Selwer kachen an Tipps fir et am Alldag hinzekréien, sti bei dëser Episod am Mëttelpunkt.

Sech Zäit huele fir selwer ze kachen an d’Organisatioun an der Kiche sinn d'Theme vun dëser Episod.

Mir si beim gréisste Kürbisproduzent aus dem Grand-Duché, dem Christian Hahn, op Besuch. Mir léieren ausserdeem zwee vun de beschte Käch zu Lëtzebuerg kennen: déi zwee Finaliste vum Kachconcours "Beschte Lëtzebuerger Hobbykach 2024", de Roland Herrmann a Luc Bettel.

Mir kréien Tipps vun der Dieteticienne Tammy Diderich zum Thema Tëschemoolzechten a mir si beim Eloïse Jennes an der Kichen. Si gëtt eis Tipps zum Thema "Meal Prepping". D’Anne Faber verréit eis ausserdeem hiert Liblingsrezept fir Äppelkuch.
 
De kulinaresche Magazin "Gusto" kënnt e Sonndeg de Owend um 19 :00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.

Weider Episoden vu "Gusto - de kulinaresche Magazin" fannt Dir hei.