Et war jorelaang DÉI Adress am Stater Nuetsliewen. Un den Didjeridoo zu Hollerech hu vill Leit gutt Erënnerungen.

Wann et eng Plaz gouf, fir erauszegoen an der Stad, war et den Didjeridoo. Den "Didj" zu Hollerech war jorelaang "the place to be". Danzen, feieren, Spaass hunn. Bis et moies hell gouf.

Den Didj war och: Gesinn a gesi ginn. Wie net do war, konnt net matschwätzen. Eng ganz Generatioun huet hei Nuechten duerchgedanzt, a sech op d'mannst grad esou gären d'Vollek ugekuckt.

Um Facebook-Profil vum Didj (ca. 2.200 Follower) steet ze liesen, dass dem Lëtzebuerger seng Liblings-Disco virun 20 Joer fir ëmmer zougemaach huet. Ass dat schonn esou laang hier?!

Munch Member vum RTL-Team huet en Donneschdeg de Moie schonn a senge vagen Erënnerunge gekroomt. Entretemps si mir jo all "seriö" ginn... Geet et Iech och esou? Mir, an all déi aner, déi gären dohi feiere gaange sinn, freeën eis op Är beschten Didjeridoo-Erënnerungen.