Alain Biren, Philippe Schmit, Kenny Reding a Vladyslav Tsarov
Dës Woch geet et ëm de Relais du coeur, d'Startup TerraBreeze, Autocross an ee Polce-Dänzer.
Den Alain Biren erënnert mam "Relais du coeur" u seng verstuerwe Partnerin. Bei e sëllege Sportsmanifestatioune ware si zesummen um Parcours um Lafen oder um Vëlo. D'Bénédicte Reis ass de Marathon zu New York, London a Paräis gelaf, war um Depart vun Ultra-Trailen souwéi Triathlonen an den 22. August 2024 gouf si onerwaart an op tragesch Manéier duerch Häerzproblemer aus dem Liewen gerappt. De "Relais du coeur" vum Lions Luxembourg-Altius, wou bekannt Nimm aus der Lëtzebuerger Sportswelt Member sinn, soll den 21. Juni um Stade Josy Barthel un déi sympathesch Sportlerin erënneren.

De Philippe Schmit weess wéi mir an Zukunft e kille Kapp behalen. Hien ass de Grënner a CEO vun TerraBreeze mat Sëtz zu Wien, wou hien Droit studéiert huet ier hien och nach e Master an Nohaltegkeet zu Roum op der Business School gemaach huet. No méi wéi 2 Joer Fuerschung an Entwécklung huet hien déi lescht Woch eng nei Zort Klimaanlag presentéiert, déi keng Installatioun a kee Loftschlauch méi brauch an am Verglach mat klassesche Modeller 40% manner Stroum brauch. D'Startup ass och Gewënner vum "Fit4Start"-Programm op der "Nexus 2050".

De Kenny Reding huet virun 11 Joer d'Léift zum Autocross entdeckt an e puer Woche méi spéit hat hien och säin éischte Buggy aus Holland. De Kenny war dunn 2 Joer an der SWASV-Meeschterschaft ënnerwee (Südwest Deutsche Autocrossvereinigung). 2016 huet hie sech getraut, de Sprong an d'Europameeschterschaft vum Autocross ze riskéieren, wou hien 1 Joer méi spéit a Litauen 2. um Podium gouf. 2021 ass hie Wierkschauffer vun enger hollännescher Ecurie ginn an huet schonn e puer Leef gewonnen.

De Vladyslav Tsarov suergt fir Héngerhaut beim Pole dance an dovunner kann ee sech de de 14. a 15. Juni zu Esch an der Sportshal iwwerzeegen. Meeschtens sinn et Fraen, déi sech fir dës Sportsdisziplin entscheeden, awer beim Vladyslav war de Wonsch scho fréi do, fir Danz an Akrobatik matenaner ze verschmëlzen an trainéiert och ganz haart, fir op engem héijen Niveau sengem Public alles ze bidden, sief et an enger Hal, engem Akafszenter oder och dobaussen an der Natur, wéi een op sengem Instagramkont gesäit.
