
De Mann huet de “Frischling”, dee scho virdru mat der Fläsch opgepäppelt gouf, bei sech opgeholl an him e groussen Zwinger dobaussen, deen awer och mam Atelier a Büro vum Zammermann verbonnen ass, opgeriicht. An den Atelier dierft dat grousst Déier awer just, wa kee vun de Mataarbechter aus dem klengen Duerf a Baden-Württemberg op der Aarbecht ass.