
De Mann konnt dat ronn annerhallef Meter grousst Déier mathuelen, an en Terrarium setzen an dësen op e Policebüro zu Schweich bréngen. D’Beamten hunn d’Schlaang dunn de Pompjeeën iwwerginn. D’Police geet dovunner aus, datt de Python vu sengem Proprietär ausgesat gouf. No dësem gëtt elo gesicht, d’Police freet d’Bevëlkerung an deem Kontext ëm Hiweiser.
