
De Mann, deen aus der Mongolei kënnt, wollt e Samschdeg mat sengen exoteschen Déieren vum Suvarnabhumi-Fluchhafen an der thailännescher Haaptstad an déi mongolesch Haaptstad Ulan Bator fléien.
Bei der Kontroll vu senger Wallis hunn d’Douanieren allerdéngs 2 Komodowaranen, 8 Leguanen, 5 Pythonen, 1 Boa constrictor, 6 Indesch Stäre-Schildkröten a 24 lieweg Fësch fonnt. Wéi e Spriecher vun der Douane matgedeelt huet, gouf de Mongol doropshin direkt festgeholl. Hie muss sech elo wéinst dem Schmuggel vu geschützten Déiere veräntwerten.
Thailand gëllt als wichtegt Transitland fir de Schmuggel vu wëllen Déieren. Vun do aus ginn déi geschmuggelt Wueren dacks a China oder de Vietnam.
Eréischt am Oktober d’lescht Joer war e Mataarbechter vum Suvarnabhumi-Airport suspendéiert ginn, nodeems et engem Passagéier gelonge war, iwwer 30 lieweg Déieren an e Fliger ze schmuggelen, deen an Taiwan fléie sollt. Hei waren et 28 Bëbee-Deckelsmouken, zwee Bëbee-Otteren an ee “Murmeldéier”.