Fluchhafe WienMann mat 89 Déieren am Gepäck erwëscht
85 Geckoen, zwou Schlaangen an zwee Skorpiounen, zesummen am Wäert vu 47.000 Euro, hat e Mann, deen aus Ethiopien areese wollt, probéiert, anzeschleisen.
Verëffentlecht: 20.06.23 14:13, Update: 20.06.23 18:49
De Mann hat probéiert, zu der Dier, wou hien näischt deklaréiere misst, erauszegoen, gouf dunn awer vun Zollbeamte kontrolléiert. Dës hu festgestallt, datt hien dräi Transportboxe voll mat Déieren, déi net ënner Aarteschutz stinn, dobäi hat.
Déi 89 Déiere kommen elo an den Zoo op Schönbrunn, wou si opgepäppelt solle ginn. De Mann hat ausgesot, datt d'Déier fir hie kee Wäert hätten. Hien hätt d'Geckoe just dobäi gehat, fir seng Schlaangen ze fidderen.
© HANDOUT / AUSTRIAN FINANCE / MINISTRYAFP
© HANDOUT / AUSTRIAN FINANCE / MINISTRYAFP
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.