
Dem bayresche Ministerpresident Markus Söder no wier dëst déi kloer Linn vu senger kompletter Regierung. D’Detailer solle awer nach bis Enn vun der nächster Woch vum Ëmwelt- an Agrarministère ausgeschafft ginn.
D’Reegelung soll awer virum 1. Mee, wann u sech déi meescht Béischten op d’Weed kommen, duerch sinn. Dem Ministerpresident no soll déi bayresch Reegelung änlech wäit goen, wéi déi, déi et schonn am Tirol gëtt. Datt de Wollef am Fräistaat esou streng geschützt gëtt, géif “ënnert dëser Form net méi passen”, esou d’Argumenter vum Markus Söder. Éischter wier déi a Bayern traditionell sougenannten “Almwirtschaft” antëscht duerch déi klammend Zuel vu Wëllef a Gefor.