
Eng Dron huet a Südkalifornien nach ni dogewieschte Biller festgehalen. Si sollen een neigebuerene Wäissen Hai weisen, deen déi éischte Kéier a Richtung Waasseruewerfläch schwëmmt. Jonk Wäiss Haie konnte schonn observéiert ginn, ma en nei gebuerent Déier gouf an der Wildnis nach net dokumentéiert. Experte ginn dovun aus, datt d’Déier op der Foto eréischt e puer Stonnen al ass, well déi hënnescht Floss nach ronn ass.
De Wildnisfotograf Carlos Gauna an den Doktorand Phillip Sternes waren fir Observatiounszwecker mat der Dron iwwert dem Mier virun der Küst vu Santa Barbara ënnerwee, wou si ee schwangeren Wäissen Hai an d’Déift tauche gesinn hunn. Kuerz drop ass ee klenge wäissen Hai un d’Waasseruewerfläch geschwommen, an huet dobäi direkt an d’Kamera gekuckt. “Wou Wäiss Haien hir Klenger op d’Welt bréngen, ass ee vun den hellege Grale vun der Hai-Wëssenschaft”, esou de Carlos Gauna. “Et konnt bis elo nach ni ee genee festleeën, wou si op d’Welt kommen, an et huet nach ni een en neigebuerene Bëbee-Hai lieweg gesinn.”
Ufanks hunn déi zwee Männer geduecht, dee komplett wäissen Hai, dee schonn am Juli 2023 virun hirer Kamera opgedaucht war, kéint en Albino sinn, well Wäiss Haien u sech uewe gro a just op der Ënnersäit wäiss sinn. Ma wärend dat ronn 1,5 Meter laangt Déier ronderëm geschwommen ass, huet sech déi wäiss Schicht bemol vum Kierper geléist. Dëst kéint eng Schicht embrionescht Material gewiescht sinn, dat sech kuerz no der Gebuert léist.
