
De mexikanesche Verdeedegungsminister Luis Cresencio Sandoval huet e Méindeg déi traureg Noriicht vum Doud vum Mupp bei enger Pressekonferenz matgedeelt. D’Aufgab vum Däitsche Schäferhond Proteo war et, ënnert agestierzte Gebaier no Iwwerliewenden ze sichen.
An engem Video huet ee vu senge mënschleche Kolleegen dem Mupp säi Respekt gewisen: “Du waars ëmmer e staarken, haart schaffenden Hond, deen ni opginn huet. Ech wäert dech fir ëmmer an Erënnerung halen.” De mexikanesche Militär huet dem Proteo an engem Tweet Merci fir seng “heldenhaft Aarbecht” gesot.
No de schwéieren Äerdbiewen am tierkesch-syresche Grenzgebitt huet Mexiko 130 Zaldoten a méi wéi eng Dose Rettungshënn an déi betraffe Regioun geschéckt. Wéi de Proteo ëm d’Liewe koum, gouf net genannt.