Et waren iwwer 350.000 Entréeën. No der negativer Press 2019, wéinst finanziellen Onreegelméissegkeeten a Reprochë vun Déierequälerei, huet 2020 en neien Investisseur den Zoo iwwerholl. An zanterhier gouf vill geschafft.
Iwwert déi lescht 4 Joer goufe Milliounen um Site investéiert an d’Kollektioun vum Zoo wiisst nees.
Albane Pillaire, Directrice – Zoo Amnéville: „Mir hu ganz nei den “Wallabie en immersion”, eng ganz nei Spillplaz fir d’Kanner an direkt bei der Entrée eng nei Parzell fir d’Luchsen. Eng Stäerkt vum Zoo vun Amnéville. Den Zoo ass historesch scho laang involvéiert bei der Conservatioun vun exoteschen, ma och lokalen Déieren. An do gehéiert och de Luchs dozou.”
D’lescht Joer ass den Zoo nees an déi europäesch Zoo an Aquarien Federatioun (EAZA) opgeholl ginn. Konkret heescht dat, nei Déiere fir den Zoo a méi e groussen Impakt bei der Conservatioun vu ville Aarten.
“De Wanter eleng hu mer Schnéi-Panthere kritt. Rout Pandaen an Hyäne kritt. Et kommen aktuell vill Déieren zu Amnéville un. Mir hu knapp ënner 2.000 Déieren, ronn 250 verschidden Aarten hei. Dovu si ronn een Drëttel vun den Déieren Deel vun engem Conservatioun-Programm, fir se virum ausstierwen ze schützen.”
Eenzeg déi grouss Hëtzt aus de rezente Jore mécht engem Suergen. Ass et ze waarm bleiwen d’Visiteuren ewech. Trotz vill Schied am Park. Fir Ofkillung bei den Deieren ass gesuergt.
Joanna Salé, Déierefleegerin – Zoo Amnéville: “D’Déieren hunn all eng oder méi Plaze fir ënner Daach, respektiv an de Schied ze kommen, fir fort vun der Sonn ze sinn. Déi méi al Déiere kënnen alleguer nees zeréck an hir Haaptgebaier, wann et ze waarm ass. D’Déieren, déi wierklech Problemer mat der Hëtzt hunn, déi ënnerstëtze mer mat Sprinkler-Anlagen an hire Parzellen. Déi killen d’Loft direkt gutt of.”
Den Terrain ronderëm den Zoo ass limitéiert. Vill méi kann d’Kollektioun also net wuessen. De Fokus léich aktuell souwisou méi bei der Conservatioun, heescht et vun Amnéville.